STÜBLI LOVES YOU

De Stübli, eng exklusiv Almhütt mat Rooftop Terrasse, erwaart Iech vum 22. August bis den 10. September 2025 op der Fouer um Glacis. Waart net ze laang a reservéiert elo Är Platzen!

Schueberfouer 2025

Am Stübli ass wéi ëmmer top Stëmmung garantéiert. Fir Partylaun suergt de Stübli Resident DJ Daniel Mojito. An eise Kichechef verwinnt Iech mat hausgemaache Platen a Produiten aus der Regioun.

Well d'Platze begrenzt sinn rode mer Iech fréizäiteg ze reservéieren fir net enttäuscht ze ginn. Reservatiounen si méiglech ab Mëtt Juli.

Mir freeën eis op eng flott Fouer 2025!